Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen
Bréng eis Saachen, allerhand,
Fir ze kucken, fir ze schmaachen,
Aus dem schéinen Himmelsland.
Bei der Dier do stinn eis Telleren
Beieneen an enger Rei
‘T läit och Hee do fir Däin Iesel
Dofir bréng ons Spillgezei.
 
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
bréng ons Saachen allerlee,
mir eng Pëppchen, an eng Wéichen,
onsem Charly eng nei Lee!
Dann nach eppes fir de Mëndchen,
domat sinn ech extra frou,
sou e klenge Schocklasbëndchen
gëff mir Kleeschen heemlech zou.
 
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
bréng ons Saachen schéin a gudd,
bréng e Päerd mir an eng Gäissel,
wéi dir där am Himmel hutt!
Mat Kamellen eng kleng Tiitchen,
Äppel, Biren, Hieselnëss,
awer maach och, gudde Kleeschen,
dat’s de d’Mama net vergëss.

 

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
lauschter och wat d’Mamm dir seet,
maach mir frou meng häerzeg Kanner,
‘t ass fir mech déi gréisste Freed.
Laang nach looss se Kanner bleiwen,
‘t ass déi schéinst, déi glécklechst Zäit,
well d’Erënnerung un déi Stonne
grad wéi Gold um Liewe läit.


Quelle: Wikipedia