logo site
icon recherche
INFO FLASH
Der SP 98 steigt um einige Cent
Forum / Mobilität

Aarbechten u Grenzbréck zu Wuermer  

Profilbild von
Vera79
1683 Messages

Offline

1 Jahr  ago  

https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/a/2031291.html

 

Virun allem Grenzpendler dierft et net freeën, datt d'Muselbréck zu Wuermer wéinst Renovatiounsaarbechten wärend Méint just an eng Richtung op wäert sinn.

Vu Mäerz un dierft de Wee op d'Aarbecht fir vill däitsch Grenzpendler ee gudde Krack méi laang daueren. Wéi och schonn aner Medie gemellt hunn, wäerten nämlech d'Ponts et chaussées vum nächste Mount un d'Muselbréck tëscht Wuermer an dem däitsche Wincheringen renovéieren. Wärend der Zäit vum Chantier, dee bis Oktober/November dauere soll, wäerten Automobiliste just nach an eng Richtung, an zwar a Richtung Däitschland, iwwert d'Bréck fueren duerfen.